
Brong erënnert un d’Natur an d’Äerd an ass eng vun deene Faarwen, déi an allen Nuancen eng waarm an elegant Atmosphär schaaft.
An dësem Raum hu mir mat verschiddene Variante vun der Brongpalett gespillt.
Fir d’éischt schockelasbrong Maueren, fir en angeneemt Stëmmungsgefill ze schafen.


Do entdeckt een e klengt Nascht an deem waarmen an aludende Raum … dee groussen, beigë Kannapee vu „Sits“, deen duerch seng einfach an zaart Matièren den Ensembel berouegt an ophellt.